D'WIRTSCHAFTSAKTIVITÉITEN UM MIER - KLÉCKEN W.E.G.

D’Lëtzebuerger hunn eng besonnesch Bezéiung zum Mier. Als grouss Amateure vu Fësch, Station-balnéairen a Fräizäitaktivitéiten um an am Waasser hunn d’Lëtzebuerger net gezéckt, d’Mier ze eroberen, wou d’wirtschaftlech Situatioun et néideg gemaach huet – oder si op der Sich no neien Aventurë waren.

De Bekanntste vun hinne war de Philippe de la Noye, deen u Bord vum Schëff “Fortune” e bëssen no der Mayflower fortgesegelt an 1621 zu Plymouth ukomm ass. Hien ass ee vun de Virfuere vum President Franklin Delano Roosevelt.

Et gëtt geschat, dass alleng tëschent 1870 an 1930 ëm déi 70.000 Lëtzebuerger an Nordamerika ausgewandert sinn, e Fënneftel vun der deemoleger Populatioun. Si si virun der schlechter wirtschaftlecher Situatioun geflücht: schlecht Drauweliesen, Niddergang vum Handwierk ënnert dem ëmmer méi groussen Drock vun der Industrialisatioun an den ëmmer méi klengen Agrarfläche wéinst ëmmer wéi Awunner. Déi meescht vun hinne si vun Antwerpen aus u Bord vun der bekannter Red Star Line fortgaang.

Méi rezent, nämlech 1987, hunn d’Lëtzebuerger sech mam Schëff “Lëtzebuerg” nach eng Kéier opgemaach, fir d’Mier ze eroberen, an zwar am Kader vun der Constitution Race, mat där den 30. Anniversaire vun de Verträg vu Roum an den 200. Anniversaire vun der amerikanescher Constitutioun gefeiert gouf. An si hunn d’Course gewonn! Ënnert der Besatzung war eng Berühmtheet: eise fréiere Wirtschafts- an Aussenhandelsminister an Éierepresident vum Cluster maritime, Jeannot Krecké!

Och wann et haut nach ëmmer eng grouss Aventure ass, ass se awer virun allem wirtschaftlecher Natur. Iwwert d’Mier importéieren an exportéieren d’lëtzebuergesch Industrien Matière-premièren a fäerdeg Produiten – 90 % vum internationalen Handel a 40 % vum Handel an der Europäescher Unioun ginn iwwert d’Mier gemaach. Munch Lëtzebuerger hunn net gezéckt, mä hunn et traditionelle Mieresnatioune nogemaach an d’Miereswirtschaft an Ugrëff geholl.

D'MIER VILL POTENTIAL - KLÉCKEN W.E.G.

MANNER STAU AN ENG MÉI GESOND LOFT

Niewent de gënschtege Präisser ass den Transport iwwert d’Mier och am mannste schiedlech fir d’Ëmwelt. D’Europäesch Unioun incitéiert d’Transportakteuren, Alternativen zu der Strooss ze benotzen. Et schwätzt een an deem Fall vu kombinéiertem oder intermodalem Transport. An enger idealer Transportkette ginn d’Wueren op laangen Distanzen iwwert d’Mier befördert. Duerno gi si vum Zuch- a Flosstransport ofgeléist. Zum Schluss geet et mam Camion zu den eenzelnen Destinatiounen.

Et goufe grouss Efforte gemaach, fir den ökologesche Foussofdrock vun de Schëffer ze reduzéieren an d’Sécherheet ze erhéijen: D’Unzuel vun den Uelegpeschten ass an 30 Joer ëm dat Siwefacht gefall. Wéi am Schema hei niewendrun ze gesinn ass, kënnt 75 % vun der Mierespollutioun vum Festland (Aleedung an d’Mier vun schiedleche Substanzen duerch d’Industrie an d’Landwirtschaft).

Zesumme mam Zuch ass de maritimen Transport bei wäitem déi ëmweltfrëndlechst Manéier, fir Wueren vun A no B ze bréngen. D’duerchschnëttlech Transportkäschte fir iwwer zwanzeg Tonne Wueren, an engem 20-Fouss-Container vun Asien an Europa, si praktesch d’selwecht wéi de Präis vun engem Fluchbilljee an der Economy Class fir en eenzege Passagéier op der selwechter Streck.

MÉTIERE MAT ENGEM GROUSSEN NOTZEN 'ENTWÉCKELT ZU LËTZEBUERG - KLÉCKEN W.E.G.

De lëtzebuergesche maritime Secteur besteet aus méi wéi den 200 Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel op de Weltmierer ënnerwee sinn.

Am lëtzebuergesche maritime Secteur si vill verschidde Branchë vertrueden:

Reeder (CLdN-Cobelfret, CldN, Ro-Ro, Intershipping, Stena International, SAIPEM)

Baggeraarbechten op Séi (DEME, Groupe Jan de Nul)

Yachten, Segelsport a Schëffsmanagment (Luxembourg Marine Services)

Berodungsfirmaen (Deloitte, Ernst & Young, KPMG, PricewaterhouseCoopers, Reference Corporate Services)

Droit maritime (Arendt & Medernach, Etude André Harpes, OPF Partners)

Logistik (DHL Global Forwarding)

Finanzen (BGL BNP Paribas, BIL, ING,den maritimen Investmentfong Thalocéa)

Flosstransport tëschent Flosshafen  (Port de Mertert, Luxport, Inland Navigation Luxembourg)

Transport per Bunn a Containertransport (CFL Cargo, CFL Multimodal)

Klassifikatioun (Germanischer Lloyd, Société nationale d’Homologation et de certification)

Assurancen (AIG, Marsh Management Services)

Institutiounen (Chambre de Commerce du Luxembourg, Luxinnovation)

Sech senger Bedeitung a senge positiven Auswierkungen a ville Branchë bewosst, huet de lëtzebuergesche maritime Secteur ab 2008 ugefaangen, sech ze organiséieren. Aus dem Wëllen, d’Interessien zesummenzeleeën, ass d’Asbl. Cluster maritime entstan. D’Associatioun ënnerstëtzt vu Lëtzebuerg aus d’maritim Aktivitéite mat Kommunikatiounscampagnen an d’Organiséiere vun Evenementer wéi beispillsweis dem Europäeschen Dag vum Mier.

LËTZEBUERG BEDEELEGT SECH UN DEN EUROPÄESCHEN EFFORTEN - KLÉCKEN W.E.G.

Munch Operateure fueren trotz dem méi laangen Transportwee an den doduerch méi héije Fraisë léiwer laanscht de Kap der Guten Hoffnung a Südafrika wéi duerch de Golf vun Aden. Vu, dass de Suezkanal awer en obligaten Handelswee ass, ass dës Léisung op laang Siicht fir keng Entreprise viabel.

Bis sech d’Situatioun a Somalia stabiliséiert, ass eng Verstäerkung vun den Eskorten déi eenzeg Léisung. Lëtzebuerg huet sech zesumme mat sengen europäesche Partner am Kampf géint d’Piraterie um Horn vun Afrika engagéiert. Et ass déi éischte Kéier, dass d’Land un enger militärescher Operatioun um Mier deelhëlt.

Zwee Fligere vum Typ MERLIN III goufen Enn September 2009 op d’Seychellen geschéckt. Souwuel d’Fligere wéi och d’Personal gi vun der lëtzebuergescher Entreprise CAE Aviation zur Verfügung gestallt. Mat Infrarout- an Dageskameraen, Radaren a mobile Kaartesystemer equipéiert, kënnen dës Fligere fir maritim Iwwerwaachungsmissiounen agesat ginn: Si kënne Schëffer iwwer 50 Kilometer wäit orten an d’Immatrikulatioun bis zu 10 Kilometer wäit liesen. U Bord vun all Fliger sinn e Pilot, e Kopilot an e Beobachter, déi meeschtens eng militäresch Ausbildung hunn.

D’lëtzebuergesch Bedeelegung huet schonn no e puer Deeg, nodeems d’éischt Gerät a Betrib geholl gouf, hir éischt Friichte gedroen: E puer Mol konnten d’Lëtzebuerger d’seychellesch Booter, déi d’Küst iwwerwaachen, guidéieren, fir Piraten ofzefänken. Dës Beobachtungen erlaben, méi iwwert de Piraten hire Mode opératoire gewuer ze ginn.

Dës Bedeelegung weist, wéi verschidden d’maritimt Engagement vu Lëtzebuerg ass, a wéi grouss säi Wëllen, dozou bäizedroen, d’205 Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel enregistréiert sinn, ze schützen. Momentan bedeelegt sech just een Drëttel vun de Flaggestaaten un der Protektioun vun de Schëffer.

DÉI VERSCHIDDEN ZORTE SCHËFFER ËNNERT LËTZEBUERGESCHEM FÄNDEL - KLÉCKEN W.E.G.

Vill Gesellschaften, déi bekannt an ugesi sinn, fueren ënnert dem Roude Léiw. Dank senger kompromëssloser Uwennung vun den internationalen Normen an héchste Sécherheetsstandarde steet dëse Fändel fir Qualitéit a Lëtzebuerg gouf an d’wäiss Lëschte vun den internationalen Organisatiounen opgeholl. Weider appreciéiere souwuel d’Reeder wéi och aner Fachleit aus der maritimer Branche d’Reaktivitéit an d’Efficacitéit vum lëtzebuergesche Commissariat aux Affaires maritimes. D’lëtzebuergesch Flott zeechent sech duerch d’Modernitéit an d’Diversitéit vun den enregistréierte Schëffer aus.

FRACHTSCHËFFER: SI TRANSPORTÉIERE PASSAGÉIER A WUEREN - KLÉCKEN W.E.G.

> RO-RO

Ro-Ro-Schëffer (“Roll on/roll  off”) hunn eng Zuchbréck, fir Gefierer, Autoen a Camionen op- oder ofzelueden.

> FERRIEN, YACHTEN A CROISIÈRESSCHËFFER

Mat “Ferry” bezeechent een esouwuel e Schnellboot, dat 200 Passagéier tëschent de bretoneschen Uertschafte Groix a Lorient transportéiert, wéi och e grousst Schëff mat 2.000 Passagéier vu Frankräich an England. Croisièresschëffer transportéieren Dausende vu Passagéier op der ganzer Welt a bidden hinnen ähnlech Leeschtunge wéi déi gréissten Hotellen. Yachte si fir eng méi räich Clientèle, déi sech eng Zort schwammend Residenz leescht.

> CONTAINERSCHËFFER

D’Kapazitéit vun engem Containerschëff gëtt an EVP (équivalent vingt pieds) oder TEU (twenty-foot equivalent unit) ausgedréckt, dat heescht der Unzuel Container, déi d’Schëff transportéiere kann. D’Schëff Emma Maersk kann zum Beispill 11.000 Container transportéieren. Wou et 2007 a Betrib geholl gouf, huet d’englesch Press et mam “Santa Claus” verglach an “Santa Maersk” gedeeft: Effektiv huet et déi meeschte Spillsaachen transportéiert, déi d’Kanner ënnert dem Chrëschtbam fonnt hunn.

> VRAQUIEREN

Dës Schëffer transportéiere Céréalen, Äerz oder Pëtrol, d.h. alles, wat kann am Lassenen an engem Laderaum transportéiert ginn. Déi Gréisste kënnen 200.000 Tonne Kären oder méi transportéieren, mat deenen eng Millioun Leit während engem ganze Joer ernährt kéint ginn.

> TANKER

Tanker bréngen eis Bensin an Diesel, fir ze fueren, a Mazout, fir dass mir et am Wanter waarm hunn.

VERSUERGUNGS - AN ASSISTENZSCHËFFER: SI HËLLEFEN DEN ANERE - KLÉCKEN W.E.G.

> TANKSCHËFFER

Tankschëffer fëllen aner grouss Schëffer, Yachten, Segelbooter oder Handelsschëffer mat Brennes op.

> SCHLEPPER

Schlepper hëllefe Schëffer, fir um Quai unzeleeën oder auszelafen. Si kënnen och Kranen um Mier deplacéieren oder Schëffer a Séinout hëllefen.

SPEZIELL SCHËFFER - KLÉCKEN W.E.G.

> BAGGERSCHËFFER

Baggerschëffer maache Bauaarbechten op Séi. D’Entreprisen, déi zu Lëtzebuerg hire Sëtz hunn, si Weltleaderen an dëser Branche. Si hëllefe beim Bau vu kënschtlechen Inselen, befreie Kanäl vu Sand – wéi beispillsweis de Panamakanal.

> KABELSCHËFFER

Kabelschëffer verleeën Telekommunikatiouns- a Stroumkabelen am Mier.

Loader Traitement en cours...